(c) Lynn Theisen

MASKéNADA presentéiert  
 
DISKO DEMENTIA
 
en Theaterstéck vum Larisa Faber
 
 
17., 20., 24., 25., 26., 27., 30., 31. Oktober 2018 um 20:00 Auer
21., 28. Oktober 2018 um 17:00 Auer
an der Banannefabrik zu Bouneweg, 12 rue du puits
 
20. November 2018 um 20:00 Auer
21. November 2018 um 10:00 Auer
am Escher Theater
 
 
"Si sinn iwwerall;
ënnert eis, an de Stroossen duerch déi mir ginn,
an de Geschäfter, souguer an eisen Haiser.
Mir gesinn si, a mir gesinn si net.
Mir kennen si, a mir kennen si net.
Si sinn d'Geeschter vun eiser Gesellschaft -
a mir sollte vun hinne verfollegt sinn."

Nicci Gerrard, The Guardian, 21.6.2016

Wärend der Nuetsschicht an engem Altersheem op Ouschtersonndeg, hëlt e scheinbar banale Witz eng brutal Wendung an deckt doduerch onsiichtbar Muechtstrukture lues a lues op. E Mikrokosmos zerbrécht. Confrontéiert mat enger Krankheet déi onverständlech schéngt, beliicht DISKO DEMENTIA d'Gewalt déi sech an eisem Ëmgang mat Demenz-Betraffene bemierkbar mécht. Wat ass de Mënsch nach wäert an enger Gesellschaft wou Wuesstem, Gewënn a Leeschtungsfäegkeet d'Gëtter sinn?
 
Regie: Linda Bonvini
Regieassistenz: Liss Scholtes
Iwwersetzung op Lëtzebuergesch: Anne-Marie Reuter
Movement: Marcin Rudy
Bühn & Kostüm: Peggy Wurth
Musek: Emre Sevindik
Luucht: Nico Tremblay
 
Mam: Fabienne Elaine Hollwege, Robert Verbrugge, Elisabet Johannesdottir, Larisa Faber & Fabio Godinho

Sprooch: lëtzebuergesch
 
Ticketen: (Banannefabrik - Theater Esch): 20, 8 an 1,5 (Kulturpass)
De Spektakel ass ab 16 Joer.
 
mat der Ënnerstëtzung vun
avec le soutien de