KAZ AM SAK 3
 
24.11.2018, 19:30

 
 
Tarif: 20 €, 8€, 1.5 € (Kulturpass)

Tickets: prabbeli.lu
Sprooch: Lëtzebuergesch

De Kënschtlerkollektiv MASKéNADA, zesumme mat Hydre Editions an de Partner vum Weeltzer Prabbeli, lueden de Publikum op eng kulturell Rees op symbolesch, historesch an ongewéinlech Plazen an a ronderëm Wooltz an. D'Leit kafen d'Kaz am Sak, si wëssen am viraus net wou a wat se kucke ginn.

Op Basis vun engem Text vun engem Auteur(e) entsteet eng Créatioun ronderëm KënschtlerInnen aus ënnerschiddlechen Disciplinnen.

No der Brauerei Simon am Abrëll an de Ruine vum Sanatorium am Bësch am September, huele mer Iech mat op eng drëtt ongewéinlech Plaz.

Duerno Kaz am Sak closing Party 

Kaz am Sak an d'Sau eraus....
mat Dj Set vum Serge Tonnar 


24.11.2018
Ab 21:00

Brandbau
  rue de la montage
  L-9538 Wiltz
Entrée: 5.-
(mam Kaz am Sak Ticket fräien Entrée)

Koproduktioun MASKéNADA, Prabbeli, Hydre Editions

Weider Infoen: prabbeli.lu / tel: 27489382