copyright: 2014 SIP / Yves Korthum, tous droits réservés

 

MIR WËLLE BLEIWE
WAT MER SINN

 
Serge Tonnar
Matbegrënner a Präsident vu MASKéNADA


Näischt! Guer näischt! Dat haten de Mangens Claude an ech virun 20 Joer gemeinsam, wéi mer MASKéNADA an d‘Liewe geruff hunn. Net dass mer näischt gemeinsam haten, mee dat wat mer gemeinsam haten war: Näischt. Fir seng perséinlech Theaterprojeten hat hien, grad ewéi ech mat menge musikalesche Projeten, keng Struktur, keng Produktiounsplattform. Also hu mer eis zesumme gedoen a méi wéi Näischt gemaach. Mas que nada, wéi de Spuenier géif soen.

Séier hu mer gemierkt, dass mir net déi eenzeg an där Situatioun waren. E Kënschtler huet ëmmer Engagementer fonnt zu Lëtzebuerg, mee wou kann e Schauspiller, en Dänzer, e Museker oder e Videast uklappe goen, fir seng perséinlech Iddien ëmzesetzen? MASKéNADA huet iwwert d‘Joren ëmmer nees Kënschtler aus de verschiddenste Beräicher d‘Méiglechkeet ginn genee dat ze maachen.

Och an der Form vun de Produktiounen huet sech villes gedoen, a mir hunn eis quasi spezialiséiert op Produktiounen op ongewinnte Plazen. Theater an engem Theatersall oder Musek an engem Concertssall, dat ka jiddereen. Theater am Bësch oder Musek am Bopebistro, dat ka keen esou gutt wéi MASKéNADA. An der Lescht entstinn och ëmmer méi kollektiv Projeten bei eis, an deene vill Disziplinnen gemëscht ginn, oder soziokulturell Kreatiounen, déi an d‘Gesellschaft agräifen. An deenen 20 Joer ass och vill geschitt an der groussherzoglecher Kulturszen. Déi engagéiert Benevol op provisoresche Bühnen sinn duerch professionell Kulturschaffend a schmocke Kulturtempelen ersat ginn. Dat huet vill Gutts, just geet et drëm an där ganzer Professionaliséierung de Pionnéiergeescht net ze verléi(e)ren. Dat hu mer all déi Jore fäerdegbruecht, mat Hëllef vun eise Kënschtler, awer och dem Publikum an de fräiwëllege Kulturbegeeschterten, déi bei eis nach ëmmer eng grouss Roll spillen.

Wou wëlle mer dann elo hinn, no 20 Joer? Néirens! Néirens anescht wéi do wéi mer sinn, dat wär am Schéinsten, och wann een dofir haut méi Mëttele brauch wéi gëschter. Dat gëtt eng Erausfuerderung fir déi nächst Joren: nei Mëttele fannen fir en alt Erfollegsrezept opriicht ze halen.

Jo, mir si méi wéi näischt. Dat si mer elo well 20 Joer laang, an dat wëlle mer och bleiwen. Net vill méi, a sécher net manner.
Maggy Nagel
Ministre de la Culture


Depuis sa création en 1995, le collectif d’artistes MASKéNADA met au centre de ses préoccupations, la création alternative et inédite, la qualité culturelle et artistique, l’action culturelle au plus près du public ainsi que l’actualité socio-culturelle et politique.

20 ans de collaborations entre artistes de différentes disciplines, 20 ans de spectacles et d’événements pluridisciplinaires, 20 ans d’expérimentations artistiques, 20 ans d’interactions actives avec les publics les plus divers, 20 ans de représentations dans les lieux inattendus ; c’est tout cela qui caractérise l’engagement culturel de MASKéNADA.

Fort de son succès, l’association est devenue une structure incontournable et unique du paysage culturel luxembourgeois.

Son activité culturelle est exemplaire à maints égards, en raison de sa contribution vivace et impérissable à la richesse de notre patrimoine culturel et de sa recherche infatigable de nouveaux publics et de synergies inédites.

Le succès et la popularité de ses projets sont dus à sa capacité à rester en phase avec son temps, à son désir d’innovation et à sa quête de nouvelles voies.

Je salue tout particulièrement la vocation première de l’association, à savoir la mise à disposition à ses membres désirant réaliser leurs projets personnels, d’une plateforme de production pluridisciplinaire. Par là-même MASKéNADA favorise la création et la rencontre entre artistes dans un croisement de disciplines artistiques diverses.

Pour finir, il me tient à cœur d’adresser mes plus vives félicitations à la structure MASKéNADA ainsi qu’à ses artistes-membres pour le travail accompli et pour la contribution active à la dynamisation de la vie culturelle du Luxembourg.