Detail Detail

Donate
Serge Tonnar: Legotrip (CD)

Serge Tonnar: Legotrip (CD)

Ënnert dem Titel "Legotrip" huet de Serge 2003 säin éischten Album mat eegene Lidder op Lëtzebuergesch erausbruecht. 15 Joer méi spéit gëtt den Album, dee laang vergraff ass, nei editéiert, mat engem neie Mastering, als CD an och als duebel LP. D'Opname klénge wonnerbar intimistesch an hausmaacher, dat läit drun, dass se och hausmaacher sinn, well alles op der eegener Mëscht am Heemstudio entstanen ass. Do kënnt och den Numm hir "Legotrip", also eppes wéi e konstruktiven, kreativen Egotrip. D'Radioen hu sech zu där Zäit nach geweigert des Musek ze spillen, ze vill ongewinnt waren eegewëlleg Lidder op Lëtzebuergesch. Eréischt mam Opkomme vun de soziale Medien konnten déi klassesch Medien iwwerspronge ginn, an de Serge a seng Band, déi den Numm Legotrip iwwerholl huet, sinn op dëser Säit vun der Musel vu ganz ville Mënschen an d'Häerz opgeholl ginn.

15,00

Die Versandkostenpauschale beträgt 2€

the flat rate for shipping is 2€

Go back

Top