Detail Detail

Donate
SERGE TONNAR & LEGOTRIP: Klasseklon

SERGE TONNAR & LEGOTRIP: Klasseklon (CD)

CD Release Concert den 2. Abrëll 2011 am Exit07

De Klasseklon, dat ass deen, deen ëmmer hannen an der Klass sëtzt, deen, deen ëmmer déi beschte Witzen drop huet, awer och deen, deen net mat Kritik spuert an dofir och méi oft wéi déi aner Kanner an der Retenue sëtzt: "Well de Klon ass och Rebell, bréngt och Noriichten aus der Hell, an dann denken d'Leit ganz schnell, dee wär dach besser an der Zell". Musikalesch beweegt sech dësen Tripp tëscht Chanson, Folk a Rock, d'Texter, all op Lëtzebuergesch, sinn heiansdo kritesch, heiansdo nostalgesch, meeschtens ironesch an ëmmer éierlech.
No Legotrip (2003) a Pärele bei d'Sei (2008) bleift de Serge och mat Klasseklon sengem Universum trei, an d'Texter an der Mammesprooch kommen ongefiltert eriwwer, mol wéi d'Fauscht op d'A, mol wéi e Kussi op d'Stir. Hei geet et em d'Schietsäite vum Liewen an enger Zort "Disnäland", em emotionell Accidenter déi geraumt ginn, em d'Verschwanne vun de Bopebistroen, grad wéi em d'Identitéit vum Kënschtler an enger Gesellschaft déi ëmmer méi vu sech selwer ageholl ass. Awer keng Angscht, de moraleschen Zeigefanger bleift do wou en higehéiert, op d'Gittar, an déi éischte Case op der Si-Säit bei engem La mineur Akkord. A wann emol e Fanger gezéckt gëtt, dann ass et héchstens deen aus der Mëtt.

(...) Un album qui s'écoute avec plaisir, même quand on ne comprend pas bien le luxembourgeois, qui navigue entre différents univers et différentes couleurs, avec toujours cette voix forte et rauque de Serge Tonnar en point d'orgue.
(Le Quotidien)

"Klasseklon" ass dofir en iwwerzeegent Dokument vun enger Krisis (…) Mat "Crémant an der Chamber" huet de Serge Tonnar eis zu Tréine geréiert, wat heescht geréiert, mer lougen um Buedem an hu vu lauter Misär an Dommheet gekrasch.
(Feierkrop)

Höhepunkt des Konzertes waren natürlich die im Vorfeld der Release bereits als Single veröffentlichten Songs "Crémant an der Chamber" und "Laksembörg-Sitti". Es ist einfach schön, zu sehen, wie das Publikum bei luxemburgischen Songs mitgeht und sogar mitsingt.
(Tageblatt)



Serge Tonnar: Gittar, Gesang
Eric Falchero: Tasten, Mandoline, Gittar, Gesang
Rom Christnach: Bass, Gesang
Misch Feinen: Schlogezei

15,00

Die Versandkostenpauschale beträgt 2€

the flat rate for shipping is 2€

Go back

Top