Detail Detail

DÉI ROUT DRëPS - WAT KuCKS DU?

En Lauschter-Trëppeltour
@Suessem/Zolwerknapp

E Projet vum: E roude Fuedem duerch de roude Buedem
 
START& ARRIVÉE:
Place de l’indépendance zu Zolwer, L-4418
ALLER-RETOUR:
3 km / ongeféier 2 Stonnen
DU BRAUCHS:
- Ee geluedene Smartphone
- Gutt Kopfhörer ("on ear" am Bëschten)
- D'Applikatioun "Roude Fuedem" eroflueden (op Google Play oder um App Store)
- An der Applikatioun den "Kapp" vum Projet "Déi rout Drëps - Wat kucks du?" eroflueden
WICHTEG INFOEN:
- De Wee ass mat dëse Schëlder gezeechent
- Um Tour begeinste QR-Code Statioune fir ze lauschteren an Installatioune fir ze entdecken
- Wanns du an der Applikatioun um Projet "Déi rout Drëps-Wat kucks du" klicks fënns du 4 Ënnerdeelungen :
* D'Geschicht vum Lauschter-Trëppeltour & Infos vun der Artistescher Ekipp: lies dir alles duerch éiers du lass gees
* En QR-CODE Scanner fir déi eenzel Statiounen
* Eng Oplëschtung vun de Statioune fir déi eenzel Etappe vun der Geschicht ze lauschteren
* Eng Kaart vum ganzen Tour am Iwwerbléck
- Hal dech un de “Code de la route” wann s du op de Stroossen ënnerwee bass & um Zolwerknapp, pass op d’Vëlos-Fuerer, Jogger, Spadséiergänger & Deieren op
TERMINER - VISITE GUIDÉE:
Dir kënnt den Lauschter-Trëppeltour zu all Moment alleng, mat Frënn, an der Famill oder mat der Klass um Zolwerknapp entdecke goen.
Fir Klassen gett et och eng Pedagogesch Materialmapp fir den Tuer Vir-an Nozebereeden.

KREATIOUN | +12
Lauschter-Trëppeltour
(after Esch2022)

Vun Esch op Déifferdeng, duerch Beetebuerg, Suessem, Diddeleng a Monnerech, féiert de roude Fuedem eis no Esch2022 & ab Abrëll 2023 op den Zolwerknapp.

Hei si mir op der Sich no der rouder Drëps, op der Sich no der Fra hirem Blutt als Symbol vun hirer Fruchtbarkeet. Hirer empfindlechster Plaz, och a Bezéiungen. D'Kathrein féiert eis duerch de Lauschter-Trëppeltour iwwert den Zolwerknapp. Entdeckt, wéi eng Theemen aus der Legend ëm d’Buergfra eis Meedercher a Fraen haut nach begleeden. Dir braucht just am Virfeld um Handy d'App "Roude Fuedem" erofzelueden & dann den Projet "Déi rout Drëps-Wat kucks du?" downloaden. Esou kënnt dir dann d'QR-Coden déi ënnerwee verdeelt sinn domadder anzescannen an mat Kopfhörer den ënnerschiddleche Stëmmen, déi eis hir Geschicht erzielen, ze lauschteren. Déi rout Drëps verleeft sech wéi e Fuedem um Wee duerch d'Lauschter-Stéck a verdäitlecht, wat déi gemeinsam Stäerkt vun dëse Fraestëmmen ausmécht - well um Enn zielt: Wat kucks du?

Download App:



App name: « Roude Fuedem »
Download: Google Play / App Store

 

Fir Schoul-Klassen & Maison Relais'en & Jugend-Héiser - Jonker ab 12 Joer: gett et een Pedagogeschen-Dossier. Schreiwt eis eng Email falls dir dësen Dossier geschéckt wellt kreien. Dësen pedagogeschen Dossier ass fir Iech, léif Pedagoginnen a Pedagogen, konzipéiert ginn - fir Iech eng Ënnerstëtzung ze ginn a fir selbststänneg eng theaterpedagogesch, spilleresch Vir- an Nobereedung zum Lauschter-Trëppeltour mat äre Jugendlecher ze maachen. Mat den Informatiounen an den Hannergrënn vum Projet, der Virstellung vun der kënschtlerescher Equipe, de prakteschen Übungen an Aktivitéite ronderëm d‘Geschicht, kréien Är Jugendlecher d’Méiglechkeet, sech op eng aner Aart a Weis mat der Handlung ausernanerzesetzen. Wann Dir weider Froen oder Umierkungen hutt, kënnt Dir Iech gäre bei Maskénada mellen: info@maskenada.lu

 

Regie :
Regina PICKER

AutorIn :
Jacqueline WILD & Rafael Kohn

Bünebild & Kostüm:
Sophie MEYER

Kënschtlerinnen (Stëmmen):
Elena SPAUTZ, Mady DURRER, Natascha BISBIS, Nora ZRIKA, Marly MARQUES, Melissa DALTON, Mirka COSTANZI, Tammy REICHLING,
Regina PICKER

Musek & Sound Design:
Luka TONNAR

Gesang:
Maya MAUNET

Chouer:

Zolwerspatzen, ënnert der Leedung vum Séverine DESORBAY
Sängerinnen: Alizée DESORBAY, Giuliana DI BERNARDO LUCIUS, Laurie HEMMER, Laurie HAUPERT, Hannah SCHWIRTZ, Béatrice BACH, Lena KLEIN

Iwwersetzungen:
Antoine POHU (FR)
Adriana PINHO (PT)
Carlo & Eugenia COSTANZI-ARMANI (IT)

Theaterpedagogik:
Laetitia LANG

Digital Aarbecht:
Nicolas BRAUCH

Konstruktioun:
Centre nature et forêt Ellergronn,
Alex MATHIS, Jorge AFONSO
Arsène LALLEMANG

Illustratioun:

Annick SINNER

Grafik:
Sonja Gärtner, Schema G

Projets-Leedung: Mirka COSTANZI
Dramaturg: Rafael Kohn



Team

„Wat wäerts du eemol droe mussen?“

PRoDUKTIOUN:

CO-PRoDUKTIOUN:

PaRTNER:

EN WeIDEREN HÄERZLECHE MERCI:

- Här Goerens Mil, Auteur vum Band “Eiser Soen”
- Catherine Richard, mat sengem Film "Vu Fraen an Eisen", 2014.
- Zolwerspatzen
- A Gadder, Kultur-  & Geschichtshaus - François Komposch
- Geschichtsfrënn Gemeng Suessem
- Claude ASSEL
- Lynn REITER & seng Equipp
- Arsène LALLEMAN
- Cliff SCHMIT & seng Equipp
- Peggy HAMANN

 

Go back

Top