Detail Detail

JONN HaPPI PRESENTÉIERT CIRCÜS ToNNARELLI

 

Camping Bellevue - Berdorf:  
29, rue de Consdorf
L-6551 Berdorf

17.05.2023 - 18h00 Empfang  - 20h00 Showtime
18.05.2023 - 11h30 Empfang - 13h30 Showtime
19.05.2023 - 18h00 Empfang - 20h00 Showtime
20.05.2023 - 18h00 Empfang - 20h00 Showtime
21.05.2023 - 11h30 Empfang - 13h30 Showtime


Camping Kautebaach:
An der Weierbaach
L-9663 Kautenbach

02.06.2023 - 18h00 Empfang - 20h00 Showtime
03.06.2023 - 18h00 Empfang - 20h00 Showtime
04.06.2023 - 11h30 Empfang - 13h30 Showtime


Camping Fuussekaul:
4, Fuussekaul
L-9156 Heiderscheid

16.06.2023 - 18h00 Empfang - 20h00 Showtime
17.06.2023 - 18h00 Empfang - 20h00 Showtime
18.06.2023 - 11h30 Empfang - 13h30 Showtime

Circoncert | +10
Ca. 90 Minuten

De weltwäit eemolegen a weltbeschten JONN HAPPI presentéiert de weltbeschten a weltwäit eemolegen CIRCÜS TONNARELLI.

De Serge Tonnar a seng Band associéiere sech mat der Konschtfigur Jonn Happi fir e weltwäit eemolegen a weltbeschte Spektakel op d'Been ze setzen, mat deem si 2023 op Tournée ginn. 11 Optrëtter op 3 Plazen am Land. Mam Zirkuszelt geet et op de Camping, de Publikum kann esou och nom oder virum Optrëtt d'Nuecht um Camping verbréngen, Kultur & Vakanz doheem, ganz nohalteg an d'Police huet och manner ze dinn.

Am Mëttelpunkt vum Programm stinn déi weltbescht a weltwäit eemoleg Lidder vum Serge a senger Band. Et wär also eppes wéi e gemittleche Concert an engem flotte Kader, wann do net de Meeschter vum Haus (oder vum Zelt) wär, den Zirkusdirekter, de Showmaster, den MC, de weltwäit eemolegen a weltbeschten Jonn Happi. Wëll hien de Museker d'Show klauen? Oder sinn et d'Museker, déi hien an de Schied setze wëllen? Et entsteet e Spannungsfeld tëscht de Kënschtler an den Disziplinnen: Musek, Kaméidi, Jonglerie, Slapstick, Zirkuskonscht, Cabaret… De Publikum gëtt, ob e wëll oder net, mat eragezunn a muss selwer entscheeden, ob et fir ze laachen, oder fir ze kräischen ass.

 

TEAM:

Jonn Happi: Marc STRASSER
Gittar a Gesang: Serge TONNAR
Bass: Rom CHRISTNACH
Piano: Eric FALCHERO
Batterie: Dirk KELLEN
Kostümer: Sophie MEYER
Visual: Antoine GRIMÉE
Layout: Fabi

Billeterie: Mirka COSTANZI, Sabine TONNAR

Team

" Musek, Kaméidi, Jonglerie, Slapstick, Zirkuskonscht, Cabaret,..."

PRoDUKTIOUN:

CO-PRODUCTIOUN :


Mat der Ënnerstëtzung vum:

Go back

Top