Detail Detail

LAUSCHTER-STÉCKER |
4 Lauschter-Trëppelweeër
& 2 Bonus-Stécker

Vun Esch op Déifferdeng, duerch Beetebuerg, Suessem, Diddeleng a Monnerech, féiert de roude Fuedem eis ab 2023 op eng digital Rees.
 

 

Getrei dem Motto „Remix culture“ huet MASKéNADA, fir Europäescht Kulturhaaptstad Esch2022, d’Fraebiller aus ale Geschichten a Legenden nei opliewe gelooss. Mat al an neie Soen, ënner anerem inspiréiert vum Mil Goerens sengem Repertoire vu „Eiser Soen“, goufen a 6 ausgewielte Südgemengen, 6 verschidde Projet‘en entwéckelt: Esou si 4 live Theater-Trëppelweeër & 2 Lauschter-Trëppelweeër vun Abrëll bis Oktober 2022 an de Gemengen Esch, Beetebuerg, Suessem, Diddeleng, Monnerech an Déifferdeng präsentéiert ginn.
No Esch2022, also fir 2023, huet MASKéNADA dësen neie „Legenden-Parcours- Remix“ duerch di schéi mystesch Minetter Natur, nohalteg fir eng zweete Kéier „geremixt“! Esou gëtt all Projet vum "Roude Fuedem duerch de roude Buedem", all 6 Frae Legend, all 6 Käpp, ganz digital a 6 Lauschter-Stécker adaptéiert an op enger eenzeger APPLIKATIOUN zu Verfügung gestallt.

Hei den QR-CODE fir d’APP downzeloaden - new update den 29.04.23:



App name: " Roude Fuedem "
Download: Google Play / App Store

 

4 Projet'en si Lauschter-Trëppelweeër, wou een op der Plaz QR-Coden ascanne muss fir d'Gesichten ze lauschteren:

  • De sëlwer-roude Rack - Esch/Ellergronn:
    ab elo disponibel
  • Malleus Maleficarum 2.2 - Diddeleng/Haard:
    ab 01.08 disponibel
  • Déi rout Drëps - Wat kucks du? - Suessen/Zolwerknapp:
    ab 29.04 disponibel
  • Nuetsgejäiz & Bëschgepëspers - Beetebuerg/Obeler Bësch:
    ab 05.05 disponibel

2 Projet'en si kuerz Bonus-Stécker déi eréischt op der App fräigeschalt gi wann dir déi 4 Lauschter-Trëppelweeër all gelauschtert hutt:

  • Ouni Kapp - Monnerech/Biergem: ab 29.04 disponibel
  • Zowaasch - Déifferdeng/Lasauvage: ab 05.05 disponibel

Weider Details fand dir op der APP "Roude Fuedem".

Legenden a Geschichten enthale vill wäertvoll Informatioune vun deemools, vun de Leit, vun hiren Iddien, vun Erliefnisser. Si sollen net vergiess gi – dofir ginn se nees mat eis op d’Rees: Duerch de roude Buedem zéien se sech wéi ee roude Fuedem, dee weidergesponne gëtt, bis e souguer an der digitaler Welt uknäppt.

 

Projets-Leedung & Produktioun: Mirka COSTANZI
Dramaturg: Rafael KOHN
Illustratioun: Annick SINNER
Regisseurinnen: Annick SINNER & Peggy WURTH, Laetitia LANG, Regina PICKER, Diana ROJAS-FEILE, Daliah KENTGES,
Bünebild: Peggy WURTH & Sophie MEYER
Autoren: Annick SINNER, Fernando MARTINS DA MOTA,
Antoine POHU, Mandy THIERY, Jean BÜRLESK, Jacqueline WILD, Rafael KOHN, Sandy HEEP, Cosimo SUGLIA, Maxime WEBER
KënschtlerInnen: Annick SINNER, Aude-Laurence BIVER,
Marly MARQUES, Melissa Dalton, Neckel SCHOLTUS, Bohumil KOSTOHRYZ, Elena SPAUTZ, Gianfranco CELESTINO, Jean BÜRLESK, Luc LAMESCH, Mady DURRER, Piera JOVIC, Sabine TONNAR, Natascha BISBIS, Nora ZRIKA, Tammy REICHLING, Maya MAUNET, Mirka COSTANZI, Stéphanie LARUADE, Michael SAUTER, Nicole STEINER
Musék & Sound-Design: Luka Tonnar
Digital Aarbecht: Nicolas Brauch
Theaterpedagogik: Anja HOSCHEIT, Laetitia LANG,
Mirka COSTANZI
Grafik: Sonja Gärtner, Schema G





Team

„den Dall war meng Welt bis d'Welt an den Dall koum“

PRoDUKTIOUN:

CO-PRoDUKTIOUN:

PaRTNER:

EN WeIDEREN HÄERZLECHE MERCI:

- Mil GOERENS, Auteur vum Band “Eiser Soen”
- Pol ZIMMERMANN & seng Equipp
- Mara WAGNER
- Claude ASSEL
- Lynn REITER & seng Equipp
- Alex MATHIS & Jorge AFONSO
- Arsène LALLEMAN
- Patrick HURT & seng Equipp
- Cliff SCHMIT & seng Equipp
- Catherine Richard, mat sengem Film "Vu Fraen an Eisen", 2014.
- Zolwerspatzen
- A Gadder, Kultur-  & Geschichtshaus - François Komposch
- Geschichtsfrënn Gemeng Suessem
- Louise KELLY
- Peggy HAMANN

 

Go back

Top