Detail Detail

MASKéSPOT

goes Beautiful Decay

Kids Festival

SA 12.07 um 16:30 Auer
SO 13.07 um 16:30 Auer

Um Gréiweschlass

Déi zweet Prinzessin
Clown'skinski

Am Rahmen vum MASKéSPOT wéisen mir um Beautiful Decay déi Zweet Prinzessin mam Rahel Jankowski an den Clown'skinski vum a mam Joe Del Toe.

E gemittlechen Weekend um wonnerschéinen Gréiweschlass.

SAMSTES den 12. Juli um 16:30 Auer - Déi zweet Prinzessin

Eng Aventure iwwer Geschwëster an d’Schwieregkeet ze soe wat ee wëll.

Et waren emol zwou Prinzessinnen, déi Eischt an déi Zweet Prinzessin. Déi éischt Prinzessin war super gären déi Eischt Prinzessin, awer déi Zweet hat et guer net gären dat Zweet ze sinn. Haut wäert déi Zweet Prinzssin all hiere Mutt brauchen. Well et ass schonn net ganz einfach erauszefannen, wat genau engem feelt. Dat dann och nach auszeschwätzen, asso ouni Zweiwel méi schwéier.

Fräi nom Billerbuch The second Princess vum Hiawyn Oram an dem Tony Ross.
Eng Prouktioun vum Jungen Theater Voralberg, Bregenz & MASKéNADA.

Mam Rahel Jankowski

SONDES den 13. Juli um 15:00 Auer - Clown'skinski

Erlief mam "Clown'skinski" eng eenzegaarteg clownesk Theaterperformance vum Joe Del-Toe! An sengem éischte Solo Programm als Clown entféiert hien d'Publikum an eng Welt voller humorvoll a beréierend Momenter. Mat engem bonte Kaleidoskop aus kreativen Iddien, déi vun enger imaginärer, awer hartnäckeger Méck iwwer schifgaang Zaubertricke bis hin zu musikalesche Momenter, bitt hien een ofwiesslungsräicht Erliefnis vir Grouss a Kleng.  

Mam Joe Del-Toe

ËNNERSTëTZT VUN:

„Kids Festival"

Team

Go back

Top