MASKéSPOT
Flöck - Eng Liesung vum a mam Mady Durrer
Am Rahmen vum San'Up
FR 09.05 um 13:00 & 16:00 Auer
Um Kannercampus Belval

3-6 Joer | LU
eng interaktiv Liesung
De Flöck ass net nëmmen e Buch fir d’Aan a fir d’Oueren, mee och fir grouss a kléng Kënschtler*innen a Konschtbegeeschterter.
De Flöck ass e ganz gléckleche Mupp. E gëtt vill geheemelt, kritt all Dag e fantastesche Menü zerwéiert an duerf an de Bëscher a Wise stonnelaang schnoffelen a wullen, Häerz wat begiers de. En huet bal alles wat en Hond sech ka wënschen, wann do net seng ganz laang Ouere wären. En trëllt driwwer an deet sech oft wéi. Seng Ouere stinn him stänneg am Wee. Mee dann huet hien eng Iddi: de Flöck gëtt den eenzegen Hond, dee mat den Ouere mole kann.
Text:
Mady Durrer
Illustratioun:
Annick Sinner
Theaterpädagogesch Begleedung:
Laetitia Lang
Produktion:
MASKéNADA
Edition Guy Binsfeld
Mat der Ënnerstëtzung vun:
Gemeng Suessem am Rahmen vum San'up Festival
Ministère de la culture
ËNNERSTëTZT VUN:


„Wat mécht een nëmmen
mat sou laangen Oueren?"
Team


