Detail Detail
Esch22

OuNI KAPP

Eng Lecture-Performance
@Gemeng Monnerech / Biergem

Dëse Projet fënnt am Kader vum Programm “pop-up-village” vun der Gemeng Monnerech statt.

 

ENG VERANSTALTUNG VUN

 

SAM 10.09.22 - 11h30
SON 11.09.22 - 11h30

GRATIS mee mat RESERVATIOUN
w.e.g reservéiert ären Ticket!

Veranstaltung fënnt baussen bei de Gîten statt
@Kulturzentrum "Beim Nëssert"
am Kader vum "pop-up village"
14, Rue de Schifflange,
L-3316 Mondercange
Dot Iech dem Wierder gerecht un (fest Schong)

Vun Esch op Déifferdeng, duerch Beetebuerg, Suessem, Diddeleng a Monnerech féiert de roude Fuedem eis am Mount September op Biergem, wou mir eis op der Sich no der Fra ouni Kapp maachen.

D'Gepëspers vun enger Fra ouni Kapp schläicht sech duerch d'Noperschaft. Wat stécht dohannert? An dëser performativer Lektür vu jonke SchrëftstellerInnen aus dem MASKéNADA-Kollektiv, ginn intim Portraite vu lokale Figure portraitéiert. Si si markéiert vun Onsécherheet, Virwëtz, Roserei a Verrécktheet. Mat normbriechenden Texter, ginn d'Facettë vun der Identitéit, Sexualitéit an dem Geschlecht duergestallt an erausgefuerdert, an dat op véier Sproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch). Also gutt oppassen, soss verléiert ee villäicht selwer de Kapp...

 

 

Regie:
Daliah KENTGES

Autoren  & Performance:
Sandy HEEP, Antoine POHU,
Cosimo SUGLIA, Fernando DA MOTA MARTINS

Audio-Stëmmen:
Fernando DA MOTA MARTINS & Mady DURRER

Bünebild & Kostüm:
Sophie MEYER

Mask:
Joël SEILLER

Musek & Sound Design & Technik:
Luka TONNAR

Technik:
Amplitude, Sven STREITZ

Projets-Leedeung: Mirka COSTANZI
Artistesch Leedung: Tammy REICHLING



Team

„do ass et grad esou geheimnisvoll verschwonnen, wéi et opgekräizt war“

PRoDUKTIOUN:

CO-PRoDUKTIOUN:

PaRTNER:

EN WeIDEREN HÄERZLECHE MERCI:

- Gemeng Monnerech, Vincent Peffer & Gilles Heinisch,
- Chris Pleimelding,
- Mandy Thiery,
- Les Théâtres de la Ville de Luxembourg,
- Här Goerens Mil, Auteur vum Band “Eiser Soen”,
- Mandy Durrer,
- Rafael Kohn,
- Eugenia & Carlo Costanzi-Armano

Go back

Top