Detail Detail

NUETSGEJäIZ & BëSCHGEPËSPERS

En Lauschter-Trëppeltour
@Beetebuerg/Obeler Bësch

E Projet vum: E roude Fuedem duerch de roude Buedem
 
START& ARRIVÉE:
Obeler Bësch Parking (G3VJ+7G, L- 3346 Bettembourg)
ALLER-RETOUR:
3 km / ongeféier 2 Stonnen
DU BRAUCHS:
- Ee geluedene Smartphone
- Gutt Kopfhörer ("on ear" am Bëschten)
- D'Applikatioun "Roude Fuedem" eroflueden (op Google Play oder um App Store)
- An der Applikatioun den "Kapp" vum Projet "Nuetsgejäiz & Bëschgepëspers" eroflueden
- Eng Täscheluucht (fir owes)
WICHTEG INFOEN:
- De Wee ass mat dëse Schëlder gezeechent
- De Parcours kann een am Dag oder an der Nuecht (bis 22h) maachen – fir den extra Grujelfaktor
- Um Tour begeinste QR-Code Statioune fir ze lauschteren an Installatioune fir ze entdecken
- Wanns du an der Applikatioun um Projet "Nuetsgejäiz & Bëschgepëspers" klicks fënns du 4 Ënnerdeelungen :
* D'Geschicht vum Lauschter-Trëppeltour & Infos vun der Artistescher Ekipp: lies dir alles duerch éiers du lass gees
* En QR-CODE Scanner fir déi eenzel Statiounen
* Eng Oplëschtung vun de Statioune fir déi eenzel Etappe vun der Geschicht ze lauschteren
* Eng Kaart vum ganzen Tour am Iwwerbléck
- Pass op d’Vëlos-Fuerer, Jogger, Spadséiergänger, Fëscher & Deieren am Bësch op
TERMINER - VISITE GUIDÉE:
  • 26.04.2024: Am Kader vum Beetebuerger LiteraTour Festival | 20h-22h | Gratis Event | Méi Infos & obligatorech Umeldung: hei
  • 2023: Kick-Off-Event: 05.05.2023 | 17h - 22h*
Dir kënnt den Lauschter-Trëppeltour zu all Moment alleng, mat Frënn oder an der Famill an den Obeler Bësch entdecke goen.

KREATIOUN | +12
Lauschter-Trëppeltour
(after Esch2022)

Vun Esch op Déifferdeng, duerch Beetebuerg, Suessem, Diddeleng a Monnerech, féiert de roude Fuedem eis no Esch2022 & ab Mee 2023 an den Obeler Bësch.

No sou villen Joer ass dëst erëm d’Geleeënheet an där dir Iech op d’Juegd begitt. D’Juegd no deem Onbekanntem, dem Duerchdriwwenen, dem Béisen, dem Schlechten. An dofir gräift är Täscheluucht, ären geluerdenen Handy an är Kopfhörer a kommt mat eis op dësen hellegen auditive Kräizzuch! Zesumme maacht dir Iech op d’Sich no Gestalten aus Seechen, a verstommte Stëmme vu Fraen aus vergaangene Zäiten. De Parcours kann een am Dag oder an der Nuecht (bis 22h) maachen fir den extra Grujelfaktor ze erlierwen. Dir braucht just am Virfeld d'App "Roude Fuedem" erofzelueden, fir dono d'QR-Coden déi am Bësch verdeelt sinn domadder anzescannen: esou kennt dir op de verschiddene Statiounen den onheemlechste Wiesen begéinen an hier Geschichten héieren.

Download App:



App name: « Roude Fuedem »
Download: Google Play / App Store

 

Regie :
Laetitia LANG

AutorIn :
Mandy THIERY & Jean BÜRLESK

Bünebild & Kostüm:
Sophie MEYER

Kënschtlerinnen (Stëmmen):
Elena SPAUTZ, Gianfranco CELESTINO, Jean BÜRLESK, Luc LAMESCH, Mady DURRER, Piera JOVIC, Sabine TONNAR

Musek & Sound Design :
Luka TONNAR

Digital Aarbecht:
Nicolas BRAUCH

Konstruktioun:
Centre nature et forêt Ellergronn,
Alex MATHIS, Jorge AFONSO
Arsène LALLEMANG

Illustratioun:

Annick SINNER

Grafik:
Sonja Gärtner, Schema G

Projets-Leedeung: Mirka COSTANZI
Dramaturg: Rafael Kohn



Team

„Wat wäerts du eemol droe mussen?“

PRoDUKTIOUN:

CO-PRoDUKTIOUN:

PaRTNER:

EN WeIDEREN HÄERZLECHE MERCI:

- Här Goerens Mil, Auteur vum Band “Eiser Soen”
- Mara WAGNER & Guy RASSEL vun der ANF, Administration de la nature et des forêts
- Lynn REITER & seng Equipp vum ORT Süden
- Arsène LALLEMAN
- Patrick Hurt & David Deffaux vunn der Gemeng Beetebuerg
- Peggy HAMANN

 

Go back

Top