Detail Detail

SERGE TONNAR - Jo AN aMEN

JO AN AMEN - ALBUM Release
@ KULTURFABRIK

 

SAMSDEN 22.10.2022
um 20 Auer (Doors : 19.30)

Am Centre culturel Kulturfabrik, zu Esch
116, rue de Luxembourg
L-4221 Esch-sur-Alzette

Tickets:
Virverkaf : 20 € (+frais) / 25 € Oweskeess
www.kulturfabrik.lu
 

Hu mir geléiert "Jo an Amen" ze soen, Autoritéit net méi a ze hannerfroen, eis mam Wand ze dréien, ëmmer vun do wou e grad bléist ? A wann et eis trotzdeem virkënnt ze protestéieren, ass et net nëmmen am Wëllen eng besser Plaz an der Maschinn ze kréien, ouni de System selwer a Fro ze stellen ? An dem Kënschtler seng Revolt, wat ass si nach wäert, wa sisech och schéi brav am Kader vum Regime selwer mécht, déi si uprangere wëll ? Schonn den Deckel vum Album, gezeechent vum Antoine Grimée, spillt mat dëse Géigesätz, andeems se dem d'Eugène Delacroix säi Bild "La Liberté guidant le peuple" zitéiert.

Dem Serge Tonnar säin neit Wierk ass wéi en Album mat klangleche Fotoen déi an de Pandemiejoren 2020 bis 2022 geholl goufen, a stellt d'Fro vum Wäert vum Liewen an den Ae vun engem Revoltéierten, engem Kämpfer dee säi Wee geet, wäit ewech vun den Extremisme vun all Bord, an dee sech wiere muss, wéi en Don Quichotte vun der Kultur, nëmme fir Humanist ze bleiwen, eng Aufgab, déi ëmmer méi schwéier ze gi schéngt.

D'Texter bezéie sech deelweis op d'Pandemie an d'Reaktioun drop vun der Gesellschaft, ma virun allem awer op d'Froenronderëm déi fundamental a géigesätzlech Kräften déi d'Mënschen (nees) entdeckt hunn: Gesondheet a Krankheet, Léift an Haass, Ekologie an Onbewosstsinn, Courage a Feigheet, Fräiheet a Gehorsam…

Et geet rieds vun dëse weesentleche Wäerter, déi mir fir kuerz Zäit an der Kris nees geschat hunn, fir se gläich nees ze vergiessen, wann den Alldag erëmkënnt. Trotz den eeschten Theemen an den ustrengende Jore fir e Museker, feelen och hei den Humor an d'Ironie awer net, ouni déi d'Liewen net auszehale wären.

Musikalesch, no méi opwännege Produktiounen, geet den Album zréck bei d'Wuerzelen, mat Kläng vu Weltmusek, Blues a protest songs. De Serge gëtt begleet vun enger neier Band aus ale Bekannten.

 

SERGE TONNAR & BAND

  • Rom Christnach: Bass, Gesang
  • Eric Falchero: Tasten, Gesang
  • Dirk Kellen: Battri, Gesang
  • Ben Claus: Uergel, Akkordeon, Gesang
  • Serge Tonnar: Gittar, Gesang

CD:

Team

" Op dëser Welt ass nach ni eppes entstanen "

PRoDUKTIOUN:

CO-PRoDUKTIOUN:

Go back

Top