Detail Detail

Tonnar Urwald
CD Virstellung
Aus der Heemecht

Stued Theater Grevenmacher

 

01. / 02. / 03. / 04. / 05.
08. / 09. / 10. / 11. / 12. /
21. / 22. / 23. Februar 2022

jeweils um 20:00

25 € / 15 €

Reservatioun: stuedtheater@gmail.com

Adress:
Stued Theater Grevenmacher
18a, route du vin
L-6794 Gréiwemaacher
(50 Meter nieft der Muselbréck)

An hirem Programm “Aus der Heemecht” interpretéieren de Serge Tonnar an de Georges Urwald eng Rëtsch vu bekannten a manner bekannte lëtzebuerger Lidder aus dem 19. Joerhonnert op eng radikal perséinlech Manéier. Mateneen, an och mol géinteneen, zielen d’Stëmm an de Piano eis d’Geschichten aus de Lidder vun deemools an enger neier Sprooch, a loosse beim Nolauschterer d’Gefiller opliewen, déi de Kär vun dësen Texter a Melodien ausmaachen. “D’Pierle vum Da”, “De groussen Hexemeeschter” oder “De Feierwon” huet ee wuel nach ni sou frech héieren, an awer am Respekt vun den Originaler, déi auserneegeholl goufen fir se, mat vill Improvisatioun, oder gliddeg aus der Pan, nei opliewen ze loossen.

CD "Aus der Heemecht" fand dir och an eisem Shop ze kaafen.

 

An Zesummenaarbecht mam:

Go back

Top