Detail Detail

FeTZ DI WaLL
OPENING

 

FR 26.09 ab 18:00 Auer
Dëst Event ass gratis

  • MASKéNADA 30 Joer Gebuetsdags-Buch
  • "Hom(e)anity" eng performativ Installatioun
  • DJ-Duo "Contrôle Technique"

OPENING
GRATIS ENTREE

Mir starte freides owes mat engem gemittlechen Opening!

Ab 18:00 Auer sinn eis Dieren op vir e klengt Gespréich a vläicht schonn déi eng oder aner Amuse Bouche.

Um 18:50 Auer geet et da weider mat engem klengen Discours a mat der Presentatioun vun eisem MASKéNADA-Gebuetsdags-Buch. Dir kritt d'Buch mat villen Fotoen, Informatiounen an der eng oder anerer Iwwerraschung natierlech och ze kafen an dir kennt an aller Rou duerch déi läscht Jore MASKéNADA bliederen.

Dono geht et weider mat Hom(e)anity. Eng performativ Installatioun, méisproocheg an transdisziplinär. Niewt Fragmenter vun der Performance, ass et firun allem eng Aluedung fir mat de KënschtlerInnen Fabienne Hollwege, Piera Jovic a Team iwwert dese Projet nozedenken...

Mam DJ Set "Contrôle Technique" vum Luka Tonnar an dem John Wolter lossen mir den Owend auskléngen.  Ënnert dësem Numm hunn déi zwee Museker sech zesummengedoen, fir hir Expertise an den Déngscht vun enger onvergiesslecher Ambiance op all Owend ze stellen.

Kommt laanscht a feiert mat eis - mir freeën eis op Iech!






MaT DER ËNNERSTËTZUNG VUN:

„30 Joer MASKéNADA“

Go back

Top