CoNCERT:
SERGE ToNNAR
"AN DER DÄISCHTERT"
SO 01.03.2026 : 17H
MI 04.03.2026 : 19H
FR 06.03.2026 : 19H
SA 07.03.2026 : 19H
SO 08.03.2026 : 17H
MI 11.03.2026 : 19H
FR 13.03.2026 : 19H
SA 14.03.2026 : 19H
SO 15.03.2026 : 17H
Concert | +14
LUX
TARIFE: 20€
Kulturpass: 1,5€
ORT: BANANNEFABRIK
12, rue du Puits,
L-2355, Luxembourg-ville
"du jamais vu!"
E Concert, ganz an der Däischtert. Fir déi, déi wierklech lauschtere wëllen. Fir déi, déi sech selwer e Bild wëlle maachen. A fir all déi, déi den Tonnar net kënne gesinn, hei sinn si net eleng. Dir zou, Luuchten aus, Aen zou, Oueren op…
E puer Stëmmen "aus der Däischtert":
Ech hat de Brëll ausgedoen an hunn awer näischt gesinn. Dem Serge Tonnar seng Lidder sinn esou direkt iwwert d’Oueren an d’Häerz gaangen, ouni Filter. Dat wor ganz grousse Kino…an der Däischtert!
Sound, Stëmm an Erofkommen. An der Däischtert ass een Erliefnis wou sech Welte vu Sound a Klang opdinn.
Et war richteg entspanend a schéin sech ze sëtzen an nëmmen ze lauschteren… an awer konnt een och méi aktiv matmaachen andeems een amplaz ze sëtzen och matzen am Sall stoung. D’Stoen huet di ganz Experienz immens spannend gemaach an huet mech méi mat der Musek connectéiert.
Produktion:
MASKéNADA
Finanziell Ënnerstëtzung:
Ministère de la culture
"An der Däischtert - Fäerten déi Kleng wat si net gesinn - An der Däischtert- An déi Grouss trauen sech anescht ze sinn! "