Detail Detail

FeTZ DI WaLL

 

FR 26.09 um 18:00 Auer

Dëst Event ass gratis

 

Gebuetsdagsbuch
Lilith
Contrôle Technique

Ab 17:00 Auer sinn eis Dieren op vir e klengt Gespréich a vläicht schonn déi eng oder aner Amuse Bouche. Um 18:00 Auer geet et da weider mat engem klengen Discours a mat der Presentatioun vun eisem MASKéNADA-Gebuetsdags-Buch. Dir kritt d'Buch mat villen Fotoen, Informatiounen an der eng oder anerer Iwwerraschung natierlech och ze kafen an dir kennt an aller Rou duerch déi läscht Jore MASKéNADA bliederen.

Um 20:00 Auer huele mir iech mat an de Garten Eden. Lilith, geschriwwe vum Rafael Kohn, ass eng amüsant Komedie iwwert Schöpfungsgeschicht. De Summer iwwer ass se als in-situ Produktioun am Park gelaf a lo bréngen mir de Gaart an d'Banannefabrik.

Ab 21:30 Auer loosse mir den Owend mam DJ Set "Contrôle Technique" vum Luka Tonnar an dem John Wolter auskléngen.






UNTERSTüTZT VON:

„30 Joer MASKéNADA“

Go back

Top