Detail Detail

FeTZ DI WaLL
FAMILLJENDAG

 

SA 27.09 vun 11:00 bis 21:00 Auer
fir d'ganz Famill

DIEREN: 10:30
START: 11:00

  • Danzspektakel: tock tock
  • Theaterstéck: de Flöck
  • Yoga-Session
  • Body & Voice-Workshop
  • Clown'skinski
  • Concert vum Serge Tonnar an Sascha Ley
De ganzen Dag kascht:
20€ fir Erwuessener / 15€ mat Theaterkaart / 5€ fir Kanner / 1,5€ mam Kulturpass
Et gi keng eenzel Tickete fir déi eenzel Veranstaltungen.

Tickets kann een online bestellen oder och sur Place bei der Entrée bezuelen.

Spektakel
Concert
Workshops

Um 11:00 Auer starte mir mam Danzspektakel  "tock tock" an den Dag. Eng Dänzerin entdeckt e geckegt Räich aus Këschten. Dës Plaz ass voller Méiglechkeeten, well all Këscht eng Iwwerraschung bitt. Ob danzen, spillen, verschwannen oder kuschelen...hei ginn et 103 Saachen z'erliewen!

Um 11:50 Auer geet et da weider mat enger klenger Auszäit just vir iech. A fléissende Yoga Sequenze verbënnt d'Sabine Tonnar Beweegung an Otem.

- Mëttes kann een sech da vun der Kachkonscht vun der Kolibri asbl gutt. verwinne loossen -

Um 14:00 Auer hellt de Flöck iech mat an seng Welt voller Konscht a Molerei. Zesumme mam Margritte erlieft hie verreckt Abenteuer. Extra vir 30 Joer MASKéNADA hu mir dëst Stéck rëm néi opgeholl mat enger aner Besetzung. Loosst iech iwwerraschen.

Beim Fabienne Hollwege sengem Workshop "Body & Voice" um 15:00 Auer, gi Beweegung, Ootmung, d'Stëmm an den Ausdrock bewosst aktivéiert a sa mat Gruppenübungen, Spill a Spaß déi eege Perséinlechkeet gestäerkt an entfaalt.

Um 16:00 Auer entféiert eis den Joe Del Toe dann an d'Welt vum Clown. Mat Clown'skinksi ass säin eicht Solostéck eraus, poetesch a witzeg.

Mir starten eis Concertsreih um 18:00 Auer mam Serge Tonnar an um 20:30 Auer lossen mir den Owend mam Sascha Ley ausklengen.

 

Kommt laanscht - mir freeën eis op Iech!






MaT DER ËNNERSTËTZUNG VUN:

„30 Joer MASKéNADA“

Go back

Top