Detail Detail

FeTZ DI WaLL
PERFORMANCE BRUNCH

 

SA 28.09 vun 11:00 bis 15:00 Auer

DIEREN: 10:30
START: 11:00

  • Danz-Spektakel: HOMA
  • En Ausschnett aus der Performance vum 'E roude Fuedem duerch de roude Buedem': Déi rout Drëps
  • Concert: Viva la Diva
  • Zirkus- Spektakel: Un)folded
40€ fir Erwuessener / 35€ mat der Theaterkaart / 1,5€ mam Kulturpass
Am Ticket sinn déi 4 Performancen an de 4 Gäng Menü aus dem Chiche enthaalen.

Online-Tickets sinn fräigeschalt - falls nach Plaze fräi sinn, kann een och sur Place bei der Entrée bezuelen.

Spektakel
Concert
Zirkus
Brunch

De Performance Brunch feiert de Gebuertsdag vu MASKèNADA mat Konscht a Kulinarik.

 

KONSCHT:

Vun Danz, Zirkus, Performance a Video bis hin zu guddem Iessen a Feieren – de Performance Brunch mécht aus Konscht a Kascht eng eenzegaarteg Erfarung. D’gemeinsam Iessen gëllt dobai souwuel als performativen Akt u sech wéi och als Ritual fir zesummenzekommen a sech Zäit ze huelen.
 
Duerch d’Iesse kritt d’Programm eng intim, familiär Atmosphär: méi no, méi echt, méi oppen. No enger kierperlecher Stäerkung geet et weider mat faszinéierende kënschtlereschen Optrëtter – bis mir um Schluss nach eemol all zesummen um Dësch kommen, fir ze reflektéieren, laachen oder einfach ze genéissen.
Kommt laanscht, loosst Iech verzauberen an stouss mat eis un, op d'Féieren, d'Konscht, MASKéNADA an op d’Liewen – mir freeën eis op Iech!

KULINARIK:

Entrée:
Baba Ganoush und Granatapfel / Samboussek mat Auberginnen

Haaptplat:
Lënsenzalot mat Calamansi-Esseg an Mango / Lënsenzopp mat Pita-brout-Croûton
Gefëllte Paprika mat Saisonsgeméis, libanesesche Reis mat Vermicelles a Kardamom, Labneh, Fattoush-Zalot

Dessert:
Gebuertsdagskuch

 

Kommt laanscht a feiert mat eis - mir freeën eis op Iech!

 

Mam:
Elena SPAUTZ, Alex BENTZ, Aramelo (Mara DARO & Ole SCHÖN), Coralie BÉNARD, Regina PICKER






MaT DER ËNNERSTËTZUNG VUN:

„30 Joer MASKéNADA“

Go back

Top