Detail Detail

FeTZ DI WaLL

30 Joer MASKéNADA

Klickt op déi Deeg fir méi Infos zu den eenzelnen Projet'en ze kréien.

26./ 27./ 28. Sept.
2025 an der
Banannefabrik

Mir feieren dëst mat engem faarwege Programm fir Grouss a Kleng. Dräi Deeg voller Konscht, Performancen, Workshops a musikalesche Momenter. Kommt laanscht a feiert mat eis!

Freides de 26.09: OPENING OWEND

Mir starte Freides owes mat engem gemittlechen Opening: D'Presentatioun vun eisem Jubiläums-Buch, Lilith vum Rafael David Kohn an dem Daliah Kentges, entféiert iech an den Garten Eden, an den DJ-Duo Conrôle Technique vum Luka Tonnar an dem John Wolter  stëmmen op déi nächst Deeg an.

OPGEPASST: Amplatz vun Lilith wéisen mir Hom(e)anity eng performativ Installatioun vum Fabienne Hollwege, dem Piera Jovic an Team.

Samschdes de 27.09: FAMILLJENDAG

E ganzen Dag fir d'Famill: Den Danzspektakel "Tock Tock", d'Theatersteck "De Flöck", "Yoga" a "Voice & Body" Workshops, an natierlech eppes vir ze laachen mat "Clown'skinski".

Owes lauschteren mir da gemittlech de Concerten vum Serge Tonnar an dem Sascha Ley.

Sonndes de 28.09: PERFORMANCE BRUNCH

Ënnert dem Titel "KADDO A KUCH" ginn et am  Kader vun engem Brunch fënnef kuerz Konschtstécker gewisen. Fir de kulinaresche Genoss suergt de Chiche mat engem leckeren Maufel.

 

Produktioun: MASKéNADA







„30 Joer MASKéNADA“

Mat der Ënnerstëtzung vun:

Go back

Top