


FeTZ DI WaLL
30 Joer MASKéNADA
-
FREIDES 26. September: OPENING OWEND
-
SAMSTES 27. September: FAMILLJENDAG
-
SONDES 28. September: PERFORMANCE BRUNCH
Klickt op déi Deeg fir méi Infos zu den eenzelnen Projet'en ze kréien.
26./ 27./ 28. Sept.
2025 an der
Banannefabrik
Mir feieren dëst mat engem faarwege Programm fir Grouss a Kleng. Dräi Deeg voller Konscht, Performancen, Workshops a musikalesche Momenter. Kommt laanscht a feiert mat eis!
Freides de 26.09: OPENING OWEND
Mir starte Freides owes mat engem gemittlechen Opening: D'Presentatioun vun eisem Jubiläums-Buch, Lilith vum Rafael David Kohn an dem Daliah Kentges, entféiert iech an den Garten Eden, an den DJ-Duo Conrôle Technique vum Luka Tonnar an dem John Wolter stëmmen op déi nächst Deeg an.
OPGEPASST: Amplatz vun Lilith wéisen mir Hom(e)anity eng performativ Installatioun vum Fabienne Hollwege, dem Piera Jovic an Team.
Samschdes de 27.09: FAMILLJENDAG
E ganzen Dag fir d'Famill: Den Danzspektakel "Tock Tock", d'Theatersteck "De Flöck", "Yoga" a "Voice & Body" Workshops, an natierlech eppes vir ze laachen mat "Clown'skinski".
Owes lauschteren mir da gemittlech de Concerten vum Serge Tonnar an dem Sascha Ley.
Sonndes de 28.09: PERFORMANCE BRUNCH
Ënnert dem Titel "KADDO A KUCH" ginn et am Kader vun engem Brunch fënnef kuerz Konschtstécker gewisen. Fir de kulinaresche Genoss suergt de Chiche mat engem leckeren Maufel.
Produktioun: MASKéNADA
„30 Joer MASKéNADA“
Mat der Ënnerstëtzung vun:





