HOT FLaSHES SESSIONS
SA 14.11.2026 um 19h30
SO 15.11.2026 um 15h00
SO 13.12.2026 um 15h00
SA 16.01.2027 um 19h30
SO 17.01.2027 um 15h00
Dipso Bar à vin,
4 rue de la Loge,
L-1945 Luxembourg
Kreatioun | +16
Eng Performance
mat DJ-Set
Text. Sound. Wäin. Wandel.
Wann de Kierper säi Programm nei start, leeft déi radikalst Performance vun eisem Liewen un.
Heiansdo fillt sech den Alldag un wéi en Open-Air-Festival an der Wüst – just ouni Musek an ouni Bar.
Mir maachen aus Hëtzt Präsenz, aus Schweess e Statement.
Ech schweessen iwwerall – och aus den Aen. Ech sinn eng Fra an de beschte Joren a fille mech, wéi wann ech am falsche Kierper-Hotel agecheckt hätt. Ech well dauernd d’Zëmmer wiesselen.
Ech dreiwe mech ronderëm am Hamsterrad vum Liewen – an op der Kichefënster stapelen sech d’Nahrungsergänzungsmëttel, fir datt ech wueltemperéiert déi nächst Joren iwwerstinn. Iwwerdeems probéieren ech verzweifelt, alles am Grëff ze behalen, a probéieren gläichzäiteg ze verstoen, firwat ech am Supermarché de Sécherheetsmann néier blären.
Hot Flashes Sessions – e Movement:
Mir feieren de Wiessel – net als Ausfall, mee als Opbroch.
D'Tammy Reichling hëlt Iech mat op e Festival vun den Kierper-Saisonen, den Temperaturschwankungen, den Stëmmungswiessel mat hierem Lieblings-DJ- Set.
Paus. Eng Paus, déi mir eis wuelverdéngt hunn.
Dir wärt schweessen. Iwerall.
Kreatioun an Text:
Tammy Reichling
Regie:
Daliah Kentges
Kostüm:
Sophie Meyer
Performance:
Tammy Reichling
DJ-Set:
Veraa_Lou
Berodung:
Joyce Serres
Eng Produktioun vun:
MASKéNADA
Mat der Ënnerstëtzung vun:



„Text.Sound.Wäin.Wandel“
