HOT FLaSHES SESSIONS
FR 04.09. um 19h30
SA 05.09 um 19h30
SO 06.09 um 16h00
Dipso Bar à vin,
4 rue de la Loge,
L-1945 Luxembourg
Kreatioun | +16
Eng Performance
mat DJ-Set
Text. Sound. Wäin. Wandel.
Wann de Kierper säi Programm nei start, leeft déi radikalst Performance vun eisem Liewen un.
Heiansdo fillt sech den Alldag un wéi en Open-Air- Festival an der Wüst – just ouni Musek an ouni Bar.
Am falsche Kierper-Hotel agecheckt? Oder ass d’Klimaanlag ausgefall?
Mir maachen aus Hëtzt Präsenz, aus Schweess e Statement.
Mäin Alldag fillt sech un wéi en Openair- Festival an der Wüst- just ouni Musek an ouni Bar. Ech schweessen iwwerall – ausser an der Sauna. Och aus den Aen. Ech sinn eng Fra an de beschte Joer a fille mech, wéi wann ech am falsche Kierper-Hotel agecheckt hätt. Ech well dauernd d’Zëmmer wiesselen.
Ech dreiwe mech ronderëm am Hamsterrad vum Liewen – an op der Kichefënster stapelen sech d’Nahrungsergänzungsmëttel, fir datt ech wueltemperéiert déi nächst Joren iwwerstinn. Iwwerdeems probéieren ech verzweifelt, alles am Grëff ze behalen, probéieren ech gläichzäiteg ze verstoen, firwat ech am Supermarché de Sécherheetsmann néier blären.
Hot Flashes Sessions- e Movement:
Mir feieren de Wiessel – net als Ausfall, mee als Opbroch. Tammy Reichling hëlt Iech mat op e Festival vun den Kierper-Saisonen, den Temperaturschwankungen, den Stëmmungswiessel mat hierem Lieblings- DJ- Set.
Paus. Eng Paus, déi mir eis wuelverdéngt hunn.
Dir wärt schweessen. Iwerall.
Kreatioun an Text:
Tammy Reichling
Regie:
Daliah Kentges
Kostüm:
Sophie Meyer
Performance:
Tammy Reichling
DJ-Set:
Vera Lou
Berodung:
Joyce Serres
Eng Produktioun vun:
MASKéNADA
Mat der Ënnerstëtzung vun:


„Text.Sound.Wäin.Wandel“
