Detail Detail

Donate
LIVE AM BRANDBAU

SERGE TONNAR TRIO - LIVE AM BRANDBAU (LP + CD all in one)

NEI LIDDER, AL LIDDER AM NEIE KLEED,
ONGEWINNTE COVERVERSIOUNEN OP LËTZEBUERGESCH

No 3 Deeg Residenz zu Wooltz am Brandbau am Abrëll 2025, huet de Serge Tonnar mat sengem Trio de Publikum op 2 Owenter agelueden, fir derbäi ze sinn, bei der Opnam vun dësem Live-Album. Et fënnt een nei Stécker wéi An der Däischtert oder Fridden, nondidjö !, ongewinnte Coverversiounen op Lëtzebuergesch, wéi Meeschtere vum Krich (Bob Dylan, masters of war) oder Besame mucho am Duo mam Marly Marques, an al Lidder am neie Kleed.

Den Trio, mam Michel Meis a Boris Schmidt, gouf 2023 an d'Liewe geruff, an et si bis ewell keng Opname ginn. De Boris um Kontrabass ass e Meeschter am Grooven, eng roueg awer stabil Presenz, déi dem Sound déi néideg Déift gëtt. De Michel spillt d'Battri wéi e melodescht Instrument, subtil, verspillt a voller Iwwerraschungen. Den Autodidakt Serge Tonnar, op der Gittar, gëtt sengem Trio de Rescht, an sou héiert ee seng Lidder an engem neie Klangkleed, mat méi Raum an Otempausen, e bëssen jazzy an easy-going, awer och emol mat méi fatzegen Instrumentalpassagen. Al an nei Stécker ginn et hei ëm d'Oueren, all mat neien Arrangementer déi an der Residenz zu Wooltz entstane sinn.

 

  1. An der Däischtert                4:31
  2. Fata Morgana                     4:32
  3. Fridden, nondidjö !              4:32
  4. Verloscht                             4:14
  5. Ech sinn de Bommeleeër    4:44
  6. Muer ass ofgesot                5:19
  7. Bopebistro                           3:09
  8. Meeschtere vum Krich        4:18
  9. Besame mucho                   5:43

 

 Live opgeholl den 11. an 12. Abrëll 2025 am Brandbau zu Wooltz.

Serge Tonnar: Gittar, Syhnti & Gesang
Boris Schmidt: Kontrabass, Synthi & Gesang
Michel Meis: Battri, Michelsonne & Gesang

Marly Marques: Gesang bei "Bedame mucho"

All Lidder Text a Musek: Serge Tonnar
Ausser "Meeschtere vum Krich" (Bob Dylan, masters of war) an "Besame mucho" (traditionell)
Opnam & Mix: Charel Stoltz (Holtz Sound)
Master: Gert van Hoof (Cochlea)
Produktioun: Serge Tonnar

Grafik: Fabi

Mat der Ënnerstëtzung vun Coopérations, der SACEM Lëtzebuerg an dem Kulturministère

Eng Produktioun vu MASKéNADA 2026

40,00

Die Versandkostenpauschale beträgt 2€

the flat rate for shipping is 2€

Go back

Top