« En Haus wéi en Haus »
vum Elise Schmit

 
"Et ass just en Haus. Du hues zoufälleg emol hei gewunnt. Souvill wëll dat net heeschen."
"Et ass mäin Doheem."

Dräi Gesëschter treffen sech nom Doud vun hirer Mamm, fir dat Haus ze verkafen, an deem si opgewuess sinn. Si hunn sech eng Zäit net gesinn, mee déi al Dynamik tëschent hinnen ass direkt nees präsent. Do ass deen, deen sech fir alles verantwortlech fillt, deen, deen esou mécht, wéi wann him alles egal wär, an deen, deen sech ëmmer schonn e wéineg zeréckgesat gefillt huet, well e méi jonk ass wéi déi aner. Des Dynamik spillt och do, wou et drëm geet, fir de Wäert vum Haus festzeleeën – am emotionale wéi am finanzielle Sënn. An all Raum vun deem delabréierten Haus begéinen déi Dräi Spure vun deem, wat dat Haus emol fir si bedeit huet. Si gi mat all Schrëtt duerch de Gank, d’Kichen, d’Stuff an d’Kummeren zeréckgehäit a Momenter vun hirer Kandheet a Jugend, déi si gepräägt hunn. Si fannen awer och Spure vun engem méi rezente Gebrauch vum Haus, vun deem si nach näischt woussten.

„En Haus wéi en Haus“ beschäftegt sech mat Raum a szenischer Performance an engem verloossenen Haus. Eng Parallelwelt an där et drëms geet wéini däint mäint, a wéini mäint mäint ass.

Wéi geet ee mat enger gedeelter Ierfschaft em? Wat bleift vun deem fréieren Zesummen- a Laanschteneeliewen, wann déi Plaz verschwënnt? Wat kascht d’Erënnerung?
Wéini ass en Haus just en Haus – a wéini ass et een Doheem?


Text:
Elise Schmit
*Laureatin vum 'Servais' Literaturpräis*

Mam:
Piera Jovic, Annette Schlechter a Clod Thommes
 
Regie:
Tammy Reichling
 
Produktiounsleedung:
Tessy Fritz

Haus um Lampertsbierg Datummer:
Premiere: Samschdes 05. Oktober um 20:00

Weider Viirstellungen:
Sonnden 06.Oktober um 17:00
Sonnden 06.Oktober um 20:00
Mëttwoch 9. Oktober um 20:00
Donneschdeg 10. Oktober 2019 um 20:00
 
Treffpunkt: Parking op 188, Avenue de la Faiencerie um Lampertsbierg, 15 Min. virun der Virstellung

 
  Mierschenhaus, Ettelbreck
Datummer:
Premiere: Samschdes 19. Oktober 2019 um 20:00

Weider Virstellungen:
Sonnden 20. Oktober um 17:00
Sonnden 20. Oktober um 20:00
Mëttwoch 23. Oktober um 20:00
Donneschdeg 24. Oktober 2019 um 20:00
Freideg 25.Oktober um 20:00

Treffpunkt: Virum CAPE, Place Marie-Adelaïde zu Ettelbréck, 15 Min. virun der Virstellung

Dauer: ca. 50 Minutten
Präiss: all you can give
Reservatioun erfuerderlech um info@maskenada.lu oder T: 27489382 / limitéiert Plazen