De Pier an de Wollef
De Klassiker vum Sergej Prokofieff
Iwwersat a geschwat vum Serge Tonnar
Gespillt vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg ënnert der Leedung vum Gustavo Gimeno
De Pier an de Wollef ass eng musikalesch Geschicht fir Kanner. D'Mënschen an d'Déieren an dëser
Geschicht erkennt een un de verschiddenen Instrumenter a Melodien. Et ass eng Aféierung, mat
Spaass a Spannung, an déi klassesch Musek an et léiert een op spilleresch Manéier de groussen
Orchester kennen.
Den 22. September 2018, um Dag vun der oppener Dier an der Philharmonie, hunn de Serge Tonnar
an de Philharmoneschen Orchester "De Pier an de Wollef" eng éischte Kéier zesummen opgefouert.
Direkt dono ass d'Iddi entstanen eng Opnam vum Wierk ze maachen, dat an Zesummenaarbecht
mam Label & Kënschtlerkollektiv MASKéNADA, an deem och d'Annick Sinner matschafft, wat
d'Illustratioune fir de Cover gemaach huet.
Längt: 29 Minutten
Illustratiounen: Annick Sinner
Grafesch Ëmsetzung: Fabienne Schmit
Orchester opgeholl am Juli 2019 an der Philharmonie
Kees De Visser: Touningenieur
Karel Bruggeman: Opnameleedung, Tounmix, Montage
Stëmm opgeholl am Oktober 2019 am Rol Studio
Mike Butcher: Touningenieur
Lektorat: Myriam Welschbillig
Produktioun: Serge Tonnar