Detail Detail

Donate
Räpzodi

Räpzodi (CD)

Akusteschen Hiphop op Lëtzebuergesch

Lëtzebuergesche Rap, soll ee kräischen oder laachen? Am beschte béides nach ëmmer besser wéi näischt ze maachen, an nach vill besser wéi ëmmer dat selwecht ze maachen. Dofir probéiere mer dem Rap-Däiwelskrees ze entlafen, och dee gréisste Rap-Purist wäert eise Kläng noginn, well mir maache kee Rap, mir maache Räpzodi!

Räpzodi, dat ass Rap an Zodi, also Schwätzgesang a Kaméidi. De Rap ass op Lëtzebuergesch an den Zodi ass akustesch, also net, wéi gewinnt am Hiphop, mat fäerdeg produzéierte Beats & Samples, mee mat richtegen akusteschen Instrumenter. Et ass déi neiesten Museksproduktioun vum Kënschtlerkollektiv a Musekslabel MASKéNADA, ronderem den Tommek, de jonke lëtzebuerger Rapper mat polneschen Originnen, mat de Museker vun der Rockband "All the way down" an de Gebridder Tun & Luka Tonnar. Den Album ass produzéiert vum Serge Tonnar, dee fir MASKéNADA, nieft Eegeproduktiounen, scho Kënschtler produzéiert huet wéi Berny Z, Thierry van Werveke oder Claudine Muno.
Räpzodi stellen hiren Album eng éischte Kéier live vir mat enger Serie vu Concerten am Dierfgen, am Kader vum Zyklus vun ënnerierdesche Produktiounen "MASKéNADA-Underground".

Tom Mersch: Rap & Gesang
Luka Tonnar: Gittar, Rap & Gesang
Jim Thill: Gittar
Tun Tonnar: Piano, Gittar, Glackespill, Rap & Gesang
Mateus Wojda: Bass, Gittar, Dan Day & Gesang
John Wolter: Batterie, Perkussioun, Gittar & Gesang

1. Coup 4:07
2. Liddereg 4:12
3. Maach Panik 3:35
4. Tinitun 3:39
5. Agaga 3:54
6. Räpzodi 5:45
7. Den Däiwel op der Schëller 3:36
8. Staccato 3:07
9. Jacky 5:22
10. Mettelméisseg gutt 4:17
11. Bësse rofkommen 4:31
12. Wëllkomm 3:34
13. Symptomer 2:59
14. Philosoph ech 3:55
15. Sto Lat 4:21

15,00

Die Versandkostenpauschale beträgt 2€

the flat rate for shipping is 2€

Go back

Top