Detail Detail

Donate

Serge Tonnar & Legotrip: Bommeleeër Buddha (CD)

De Bommeleeër an de Buddha leie wäit auserneen, an dach huet jidderee vun eis e bësse vun deenen zwee a sech. Um Serge Tonnar sengem neie Wierk mat Legotrip, op deem 18 Stécker z'entdecke sinn, geet et ëm d'Roll vum Mënsch a vum Kënschtler, tëscht dem Bommeleeër, also dem aktiv an der Gesellschaft implizéierten an engagéierte Bierger, an dem Buddha, oder dem Philosoph deen, aus enger spiritueller Distanz, e liicht ironesche Bléck op déi selwecht Gesellschaft gehäit. An déi zwee sinn, méi wéi ëmmer, néideg fir als "Mënsch deen dësen Numm och verdéngt" duerch d'Liewen ze trëppelen, och wann et an VerLoscht heescht: "Mir ginn net duerch d'Liewen, d'Liewe geet duerch ons". De Bommeleeër ass hei natierlech net den Terrorist, mee de Kënschtler, dee mat faarwege Bommen aus Wierder an Noute säi Bäitrag fir déi bescht méiglech Gesellschaft leescht. An am Buddha ass d'Distanz déi e brauch, fir iwwert säi klengen Ego, säi Lego a säin Trip eraus ze wuessen, an eens mat der Welt ze ginn an ze sinn.

Déi nei Lidder, un deenen zanter Enn 2015 geschafft gëtt, wollte fir d'éischt musikalesch net sou richteg beienee passen, well d'Influenze vu Volleksmusek iwwer Hiphop, Blues, Gospel, Reggae bis Salsa an Tango ginn. Déi gesichten Eenheet ass dunn mat den ongewinnten Arrangementer komm, mam Boris Dinev senge Marimbakläng an dem Eric Falchero senge Stëmmen fir gemëschte Chouer. Och nei Versioune vun dräi Lidder, déi de Serge virdrun am Allenggang erausbruecht hat, passen esou an dat Ganzt.

De Cover vum neien Album ass eng Illustratioun vun der japanescher Kënschtlerin Kumiyo, selwer an engem buddhisteschen Ëmfeld opgewuëss, déi mat vill Humor e Bommeleeër-Buddha gezeechent huet, deen eng faarweg Ouschteree-Bomm derbäi huet, an dem Auteur vum Wierk net onähnlech ass. D'Ofbildunge vum Buddha hunn ëmmer spezifesch symbolesch a ritualiséiert Haltunge vun den Hänn (Mudras). Hei ass et d'Vitarka Mudra, déi steet fir d'Phase vum Bäibréngen a Priedegen, der Diskussioun. Den Domm an de Weisfanger formen e Krees, dee keen Ufank a keen Enn huet.


LEGOTRIP
Rom Christnach: Bass, Gesang
Eric Falchero: Tasten, Gesang
Misch Feinen: Schlogezei, Perkussioun, Gesang
Serge Tonnar: Gittaren, Gesang

MARIMBA & PERKUSSIOUN
Boris Dinev

BOMMELEEËR CHOUER
Sopran: Catherine Sauer, Gaby Wolter-Boever, Karin Muller
Alt: Astrid Majerus, Myriam Weisgerber, Carine Weicherding
Tenouer: Raymond Majerus, Arend Herold
Bass: Carlo Entringer, Manfred Logelin, Jean-Paul Majerus

BRËTTELSPIANO OP "VOLLEKSLIDD"
Frin Wolter

WEE WAT GEMAACH HUET

All Musek an Texter vum Serge Tonnar, ausser "Mir wëllen iech ons Heemecht weisen", Musek vum Serge Tonnar, Text vum Michel Lentz & Serge Tonnar
Arrangementer fir de Chouer vum Eric Falchero
Opgeholl vum Eric a vum Serge an de "Bommeleeër Studios Bierchem a Miersch Gare"
Chouer opgeholl vum Nicolas Delépine a Werner Pensaert an de Linster Studios
Gemëscht vum Nicolas Delépine a Werner Pensaert an de Linster Studios
Gemeeschtert vum Darcy Proper bei Proper Prent Sound
Illustratioun vir drop vum Kumiyo (www.kumiyonoe.com)
An d’Bild gesat vum Misch Feinen
Produzéiert vum Serge Tonnar

Mat der Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Kulturministär, dem Fonds Culturel National an der Sacem

Titelen

1. Ech sinn de Bommeleeër
2. Dajeelo!
3. Deng Mamm!
4. Schnickschnackschnuck
5. Mir wëllen iech ons Heemecht weisen
6. Eng déck Schnëss
7. Vollekslidd
8. Wa kee géif driwwer schwätzen
9. Fata Morgana
10. Wéi eng Stad aus Lego
11. Bonjour & Awuer
12. Kee Bulli keng Blummen
13. Hey meng Boma!
14. O mäi Gott!
15. Schiermherrschaft
16. VerLoscht
17. Aus Kanner gi Leit
18. De leschte Bal

15,00

Die Versandkostenpauschale beträgt 2€

the flat rate for shipping is 2€

Go back

Top