Detail Detail

Donate
Serge Tonnar: Pärele bei d'Sei

Serge Tonnar: Pärele bei d'Sei (CD)


Live spillt de Serge zesumme mat senge Kollege
vun der Musekskappell
''Legotrip'':
de Rom ''Wäissen'' Christnach hält de Bass, den Eric Falchero
klimpert op den Tasten an diverse Säiten an de Jorsch Kass knuppt op
alles wat soss Kaméidi mécht.

Nom Erfolleg vum éischten Album (Legotrip, 2003), an dem Ënnergrond-Hit‚ "Ee Mann, ee Wuert'' (mam Jean-Claude J., 2006), huet et laang gedauert bis d'Pärele bei d'Sei zeideg waren. De Serge war nämlech zimlech vill mat ZAP ZOO ënnerwee, an do huet momentan missten d'Zap zou gemaach ginn, fir aner Pärele wuessen ze loossen.
Den Titel vum Album bezitt sech op d'Astellung vu ville Lëtzebuerger hirer eegener Kultur géintiwwer: si interesséiere sech net dofir, oder wëssen se net ze schätzen, an d'Kënschtler musse sech dann oft domadder zefridde gi fir "Pärele bei d'Sei'' ze geheien.
Den neien Album, op deem de Serge all Instrumenter a Stëmmen selwer opgeholl huet, beweegt sech musikalesch tëscht Chanson, Folk a Weltmusek. D'Omnipräsenz vum, "Rock Touch'' ass den Zement deen all déi Stiler zesummenhält a fir déi néideg Eenheet suergt.
D'Texter - all op Lëtzebuergesch, si mol kritesch, mol nostalgesch, ëmmer awer mat enger zolitter Portioun (Selbst-)Ironie. De Serge hëlt Iech mat op d'Danzpist, wou en ofgekackte Beat nach déi al Kollegen um Dill hält, an et gëtt vum Herrgott e Kuss, kuerz virum allerleschte Slow op der Kiermes am Duerf. Et geet vum Thé dansant an engem ale Casino iwwer Russland an d'Diskothéik, an da gëtt d'Scheif gewiesselt.

"Pärele bei d'Sei" will paint a smile across your face, just to wipe it away again when you see through the upper layer of the lyrics. It cements Serge Tonnar's reputation as Luxembourg's most sincere troubadour.
(Disagreement)


Sänger und Songwriter Serge Tonnar hat die seltene Gabe, sich von einer bösen Welt nicht die gute, schlechte Laune verderben zu lassen. Sein Rapper-Debüt, "Kallef mat enger Kroun'' verband genial Philosophie mit rotzenden Metal-Groves, sein, "Legotrip'' ging mutig ins Intimistische, und sogar der Staatsminister sprang unfreiwillig als dezenter Hip-Hop-Rhetoriker in Tonnars munterem Studio ein, um landesweit von dessen Medienkompetenz zu profitieren. Wer echte Perlen für die Säue produziert, darf sich die Freude am aufmu?pfigen Text und am frohen Delirium auch nicht von Visionen wie etwa Blauen Hirschen verderben lassen. Der große Blaue mit dem überregionalen Geweih hat ausgeröhrt, doch der Tonnar rockt mit ungetrübter und unverblümter Freude weiter. (Jean-Michel Treinen)

Komponéiert, geschriwwen, opgeholl a produzéiert vum Serge Tonnar,
tëscht Mäerz a Mee 2008
Gemëscht vum Metzlesch Misch (Mike Butcher) am Roll Studio um Cents
Gemeeschtered vum Alan Ward zu Bréissel bei Electric City
Biller an Ausluëgt vum Claude Grosch
Video "Kossovomoss'' réaliséiert vum Yann Tonnar
Foto Cover: Tun Tonnar

Eng Koproduktioun matt zwerschtomat.

15,00

Die Versandkostenpauschale beträgt 2€

the flat rate for shipping is 2€

Go back

Top