YOU NEED AN 'APPLICATION' TO LISTEN TO THE AUDIO-FILES:
download the app "Roude Fuedem" on Google Play or App Store
DU BRAUCHS ENG 'APPLIKATIOUN' FIR DËSEN AUDIO ZE LAUSCHTEREN:
download d'App "Roude Fuedem" um Google Play oder um App Store
Weider INFORMATIOUNEN:
Dëst ass eng QR-CODE-STATIOUN vum Projet "E Roude Fuedem duerch de Roude Buedem".
Vun Esch op Déifferdeng, duerch Beetebuerg, Suessem, Diddeleng a Monnerech, féiert de roude Fuedem eis ab 2023 op eng digital Lauschter-Trëppel-Rees.
Fir dësen QR-CODE ze lauschtere brauchs du also :
1. E geluedene Smartphone & gutt Kopfhörer (“on ear” / Kask wa Méiglech)
2. D'APPLIKATIOUN vum "Roude Fuedem". Lued dir se am Google Play oder an dengem App Store erof.
3. Wann s du d'APP op dengem Handy bis installéiert hues, da kanns du innerhalb vun der App bestëmmte Projet'en / Käpp erof lueden.
- Wann s du zu Esch am Ellergronn bass: muss du de Projet "Sëlwer Roude Rack" erof lueden.
- Wann s zu Beetebuerg/am Obeler Bësch bass:muss du de Projet "Nuetsgejäiz & Bëschgepëspers"erof lueden.
- Wann s um Zolwerknapp bass: muss du de Projet"Déi rout Drëps-Wat kucks du?" erof lueden.
- Wann s zu Diddeleng bass: muss du de Projet "Malleus Maleficarum 2.2" erof lueden.
4. Am jeeweilege Projet an der App fënns du:
- Informatioune vum Lauschter-Trëppeltour & der Artistescher Ekipp: lies dir alles duerch éiers du lass gees
- En QR-CODE Scanner fir déi eenzel Statiounen ze scannen (iwwregens: du stees grad op enger QR-Code Statioun)
- Eng Oplëschtung vun de Statioune fir déi eenzel Etappe vun der Geschicht ze lauschteren
- Eng Kaart vum ganzen Tour am Iwwerbléck
Vill Spaass beim Lauschteren an Entdecke fir Grouss a Kleng.
Weider Informatioune vun de 6 Lauschterstécker fënns du op :
www.maksenada.lu/lauschterstécker