Detail Detail
Esch22

Getrei dem Motto „REMIX CULTURE“ léisst MASKéNADA fir d'Europäescht Kulturhaaptstad Esch2022, d’Fraebiller aus ale Geschichten a Legenden nei opliewen.

Inspiréiert ënner anerem aus dem Mil Goerens sengem Repertoire vun "Eiser Soen", ginn a 6 ausgewielte Südgemengen (Esch, Beetebuerg, Diddeleng, Suessem, Monnerech an Déifferdeng) 6 verschidde Spektakelen opgefouert. Dësen neien « Legenden-Parcours » ass eng marche artistique an en Erzieltheater duerch di schéin a mystesch Minetter Natur.

Legenden si Geschichten, déi et scho jorelaang ginn. Vu Generatioun zu Generatioun ginn se weidererzielt, si reese mat de Mënschen duerch Zäit a Raum. Si gi verännert, ugepasst, a spige- len oft den Zäitgeescht vun der Gesellschaft rëm. Weltwäit existéieren déi mystesch Geschich- ten, dacks änelen se sech souguer an der Thematik, och wann d’Form oder d’Sprooch eng aner ass. Enk verbonne mat der Beweegung vum Vollek an der Entwécklung vun de Leit behandelen se dëst och thematesch: Et geet oft em Reesen, em Hierkonft an Doheem, em d’Sich no eppes Neiem.

Bei eisem Projet gëtt de Public mat op eng Rees geholl, op där hien/hat déi verschidden Themen op eng speziell Aart a Weis begéint. De Spectateur erlieft op sengem Spadséierwee e Remix vun den traditionelle Legende mat der Aktualitéit vun haut:
Et ass eng Rees duerch d’Zäit, an där en verschidden Usiichte begéint an invitéiert gëtt, sech ze froen, wat Reesen, Sichen, an Doheem Sinn fir hie bedeit.

An de Legende geet et och oft em Schätz oder verzaubert Objeten: D’Leit maachen sech op d’Sich a spieren sech magesch uge- zunn. Och haut ass d’Mënschheet weiderhin op der Sich no Sënn, no Verännerung, dono, eppes zesummen ze gestalten an eppes ze beweegen. D’Kënschtler-Kollektiv MASKéNADA mëscht dat traditionellt Erziele mat Theater, Musek, Foto, Film, Danz a Performancekonscht. All Spektakel ass eng interdisziplinär a standortspezifesch Produktioun.

 

Projets-Leederin & Produktioun:
Mirka COSTANZI, mirka@maskenada.lu
Artistesch Leedung:

Tammy REICHLING, tammy@maskenada.lu

Illustratioun:
Annick SINNER

„Een Duerf, e Bësch, en Industriegebitt“

PRoDUKTIOUN:

CO-PRoDUKTIOUN:

PaRTNER:

EN WeIDEREN HÄERZLECHE MERCI:

- Här Goerens Mil, Auteur vum Band “Eiser Soen”
- Rafael Kohn
- Pol Zimmermann
- Lynn Reiter
- Alex Mathis & Jorge Afonso
- Arsène Lallemang
- Denise Ruppert
- Adriana Pinho
- Jeff Wurth
- Anne Simon & Vollëksbühn asbl
- Retrobus asbl
- Patrick Hurt & David Deffaux
- Studio D-o-t-s, Laura Drouet & Olivier Lacrouts
- Zolwerspatzen
- A Gadder, Kultur-  & Geschichtshaus - François Komposch
- Geschichtsfrënn Gemeng Suessem
- Marcel Lorenzini & Heidi Martins vum CDMH
- Frédéric Humbel

Go back

Top