Back to overview

 
Maskénada
 
Maskénada
 

Léif Frënn vun MASKéNADA,

 
 
 

Vum Roude Fuedem bis Circüs

 
 

MASKéNADA begréisst Iech op eisem drëtten Newsletter fir 2023. Hei en Iwwerbléck vun wat Iech demnächst bei eis erwaard :

  • "Déi rout Drëps-Wat kucks du?" (Roude Fuedem duerch de Roude Buedem)- Lauschtertrëppeltour - Aweiung den 29.04
  • "Dazwischen Frei"- Concert-Liesung mam Fabienne Hollwege - Beetebuerg LiteraTour - 30.04
  • "Nuetsgejäiz & Bëschgepëspers" (Roude Fuedem duerch de Roude Buedem)- Lauschtertrëppeltour - Aweiung den 05.05
  • Jonn Happi presentéiert Circüs Tonnarelli: am Mee/Juni

Bleift och ëmmer weiderhin "up to date"
an abonéiert eis op FB & Instagram.

Hei elo eis nächst Eventer am Iwwerbléck:

 
 
 

Lauschter-Trëppeltour

Déi rout Drëps


Lauschter-Trëppeltour

Nuetsgejäiz & Bëschgepëspers


Circoncert

Jonn Häppi presentéiert Circüs Tonnarelli

 
 
Maskénada
 
 

DÉI ROUT DRËPS - WAT KUCKS DU?

Lauschter-Trëppeltour | Kick-OFF | Ab 12 Joer
Hei si mir op der Sich no der rouder Drëps, op der Sich no der Fra hirem Blutt als Symbol vun hirer Fruchtbarkeet. Hirer empfindlechster Plaz, och a Bezéiungen. D'Kathrein féiert eis duerch de Lauschter-Trëppeltour iwwert den Zolwerknapp. Entdeckt, wéi eng Theemen aus der Legend ëm d’Buergfra eis Meedercher a Fraen haut nach begleeden. Dir braucht just am Virfeld um Handy d'App "Roude Fuedem" erofzelueden & dann den Projet "Déi rout Drëps-Wat kucks du?" downloaden. Esou kënnt dir dann d'QR-Coden déi ënnerwee verdeelt sinn domadder anzescannen an mat Kopfhörer den ënnerschiddleche Stëmmen, déi eis hir Geschicht erzielen, ze lauschteren. Déi rout Drëps verleeft sech wéi e Fuedem um Wee duerch d'Lauschter-Stéck a verdäitlecht, wat déi gemeinsam Stäerkt vun dëse Fraestëmmen ausmécht - well um Enn zielt: Wat kucks du?

 
 
  Maskénada  
 
 

Calendar

Aweiung / Kick-Off:
SAM 29.04 - vun 14h-18h

Location

Depart op der Place de l'indépendance,
L-4418, Zolwer

Ticket

Gratis
🎧 Dir braucht just e geluedene Smartphone a Kopfhörer

 
 
 

Vun Esch op Déifferdeng, duerch Beetebuerg, Suessem, Diddeleng a Monnerech, féiert de roude Fuedem eis no Esch2022 & ab Abrëll 2023 op den Zolwerknapp.

 
 

Méi Infos vum Lauschter-Trëppeltour: "DÉI ROUT DRËPS-WAT KUCKS DU?

Méi Infos vun all den  Lauschterstécker

 
 
Maskénada
 
 

NUETSGEJÄIZ & BËSCHGEPËSPERS

Lauschter-Trëppeltour | Kick-OFF | Ab 12 Joer
No sou villen Joer ass dëst erëm d’Geleeënheet an där dir Iech op d’Juegd begitt. D’Juegd no deem Onbekanntem, dem Duerchdriwwenen, dem Béisen, dem Schlechten. An dofir gräift är Täscheluucht, ären geluerdenen Handy an är Kopfhörer a kommt mat eis op dësen hellegen auditive Kräizzuch! Zesumme maacht dir Iech op d’Sich no Gestalten aus Seechen, a verstommte Stëmme vu Fraen aus vergaangene Zäiten. De Parcours kann een am Dag oder an der Nuecht (bis 22h) maachen fir den extra Grujelfaktor ze erlierwen. Dir braucht just am Virfeld d'App "Roude Fuedem" erofzelueden, fir dono d'QR-Coden déi am Bësch verdeelt sinn domadder anzescannen: esou kennt dir op de verschiddene Statiounen den onheemlechste Wiesen begéinen an hier Geschichten héieren.

 
 
  Maskénada  
 
 

Calendar

Aweiung / Kick-Off:
FREI 05.05 - vun 17h-22h

Location

Obeler Bësch Parking
(G3VJ+7G, L- 3346 Bettembourg)

Ticket

Gratis
🎧 Dir braucht just e geluedene Smartphone a Kopfhörer

 
 
 

Vun Esch op Déifferdeng, duerch Beetebuerg, Suessem, Diddeleng a Monnerech, féiert de roude Fuedem eis no Esch2022 & ab Mee 2023 an den Obeler Bësch.

 
 

Méi Infos vum Lauschter-Trëppeltour: "NUETSGEJÄIZ & BËSCHGEPËSPERS?

Méi Infos vun all den  Lauschterstécker

 
 
Maskénada
 
 

JONN HaPPI PRESENTÉIERT CIRCÜS ToNNARELLI

Circoncert | +10 | 90 Minutten
De Serge Tonnar a seng Band associéiere sech mat der Konschtfigur Jonn Happi fir e weltwäit eemolegen a weltbeschte Spektakel op d'Been ze setzen, mat deem si 2023 op Tournée ginn. 11 Optrëtter op 3 Plazen am Land. Mam Zirkuszelt geet et op de Camping, de Publikum kann esou och nom oder virum Optrëtt d'Nuecht um Camping verbréngen, Kultur & Vakanz doheem, ganz nohalteg an d'Police huet och manner ze dinn.
Am Mëttelpunkt vum Programm stinn déi weltbescht a weltwäit eemoleg Lidder vum Serge a senger Band. Et wär also eppes wéi e gemittleche Concert an engem flotte Kader, wann do net de Meeschter vum Haus (oder vum Zelt) wär, den Zirkusdirekter, de Showmaster, den MC, de weltwäit eemolegen a weltbeschten Jonn Happi...

 
 
  Maskénada  
 
 

Calendar Location

Camping Bellevue - Berdorf:
17.05.2023 - 18h00 Empfang  - 20h00 Showtime
18.05.2023 - 11h30 Empfang - 13h30 Showtime
19.05.2023 - 18h00 Empfang - 20h00 Showtime
20.05.2023 - 18h00 Empfang - 20h00 Showtime
21.05.2023 - 11h30 Empfang - 13h30 Showtime

Camping Kautebaach:
02.06.2023 - 18h00 Empfang - 20h00 Showtime
03.06.2023 - 18h00 Empfang - 20h00 Showtime
04.06.2023 - 11h30 Empfang - 13h30 Showtime

Camping Fuussekaul:
16.06.2023 - 18h00 Empfang - 20h00 Showtime
17.06.2023 - 18h00 Empfang - 20h00 Showtime
18.06.2023 - 11h30 Empfang - 13h30 Showtime

Ticket

Tickets bei eis um Site

 
 
 

De weltwäit eemolegen a weltbeschten JONN HAPPI presentéiert de weltbeschten a weltwäit eemolegen CIRCÜS TONNARELLI.

 
 

Méi Infos zum Event

TICKETS

 
 
Universum
 

Mat léiwe Gréiss,
de Comité vu Maskénada:

Piera Jovic,
Mirka Costanzi,
Rahel Jankowski,
Sophie Meyer,
Fabienne Elaine Hollwege,
Laetitia Lang,
Alexandra Bentz,
Tammy Reichling

 
 

Unterstützen Sie unsere
künstlerischen Projekte
mit einer Spende!

 

Donate

 

Facebook Instagram

Maskénada
12, rue du Puits
L-2355, Luxembourg
M: info@maskenada.lu
W: www.maskenada.lu

Unsubscribe here | Change your settings

 
 
Maskénada
 

Go back

Top